Wale vun de Personalvertrieder: éischte Bilan

48 Stonnen no de Walprozedure fir d'Personalvertrieder ass den éischte Bilan positiv! Zurzäit läit d'Walbedeelegung scho bei 85%.

Den 12. Mäerz 2024, goufen déi 4.221 potentiell eligibel Betriber, déi tëscht dem 1. Februar 2023 an dem 31. Januar 2024 mindestens 15 Mataarbechter beschäftegt hunn, dozou opgeruff hir Personalvertrieder ze bestëmmen.

Dank der Digitaliséierung, konnten déi éischt Walresultater schonn tëscht dem 12. an dem 13. Mäerz 2024 um Mëtternuecht an eng Minutt um Site vun der Aarbechtsinspektioun verëffentlecht ginn.

D'Resultater vun de Sozialwale sinn op dräi Niveaue verfügbar:

  • Total vun de Betriber op nationalem Niveau (majoritären a proportionale System);
  • Total vun de Betriber pro Wirtschaftssecteur (majoritären a proportionale System);
  • Total pro Betrib.

Duerch d'Iwwerdroung vun de Resultater déi d'Betriber iwwert d'Plattform www.myguichet.lu erareechen, kënnen d'Donnéeën um Site kontinuéierlech aktualiséiert ginn.

3.426 Betriber hunn d'Plattform genotzt fir hir Kandidaten ze bekannt ze ginn.

2.911 Betriber hunn d'Plattform genotzt fir hir Resultater anzereechen (lescht Mise à jour: 14.03.2024 um 10:30 Auer).

  1. Majoritär Walen: 897
  2. Automatesch majoritär Walen: 1.436
  3. Proportional Walen: 390
  4. Automatesch proportional Walen: 188

D'Aarbechtsinspektioun wäert déi individuell Dossiere vun de 226 Betriber kontrolléieren, déi hir Walresultater nach net eragereecht hunn an domat d'Walprozedur nach net ofgeschloss hunn.

D'Aarbechtsinspektioun wäert och d'Dossiere vun de 493 Betriber ënnersichen, déi keng Walen organiséiert hunn.

Communiqué vun der Aarbechtsinspektioun (ITM)

Aktualiséiert